E I S . Z U U C H T

1871, huet de Familljebetrib ugefangen Ranner ze ziichten.

Säit 2005, fokusséieren sech d’Molitors nëmmen nach op eng gesond a qualitativ Limousins-Zuucht.

Si zielen momentan ca. 70 Kéi; dorënner dräi Stéieren.

D’Häerd verbréngt de Summer ausschliisslech op der Wiss.

De Wanter iwwer steet se op Stréi a genéisst selwer produzéiert Fudder.

All männlech Ranner ginn als Ofsetzer (8-12 Méint al) verkaaft.